Blog
2024.11.23 - Reecher Workshops |
---|
![]() Zum Schluss vum Joer gouf et nach 2 spannend Reecher Workshops zu den Themen: "Halloween/Samhain" an "Raunächte".
|
2024.07.01 - d'Wëll Muert ass raus |
---|
Si ass do! D'wëll Muert :-) Du erkenns se gutt un der däischter mofer bis schwaarzer Bléi an der Mëtt vun hirer Dolde. |
2024.06.30 - Stand um Weekend vum Wëlle Westen |
---|
Ech si ganz houfreg, dass ech gefrot gouf fir e Stand um Weekend vum Wëlle Westen ze hunn. Hei goung et ëm déi touristesch Attraktiounen an eisem Kanton.Op menge Stand konnte Leit, d'Planze Memory spillen, Naturkonscht maan an un enger Planze Schnitzeljuegd deel huelen. |
2024.06.22 - Wëll & Feiereg |
---|
Dëse Wëll & Feiereg war ganz besonnesch, wëll mir e spezielle Gaascht derbäi haten: Geschichtenerzielerin Melissa. Bei menge Wanderungen zielen ech och gären al Legenden oder Mythen iwwert Planzen, awer nitt sou schéin a sou gutt wéi Melissa ;-) |
2024.05.05 - Gaumenschmaus am Restaurant |
---|
Mir ware just eng kleng Equipe gëschter an et huet gereent déi ganzen Zäit wärend dem Kraider Tour, ma de Grupp war tapfer an huet sech gelount herno. 😉 Et gouf eng Amuse Bouche, een Haaptplat (Veggie/Fleesch) an een Dessert. Verschafft goufen: Pissblummblieder a -bléien, Spitzwegerich, Gundermann, Taubnessel (wäiss a roud), Vogelmiere, Eierepräis, Günsel, Giersch, Knoblauchsrauke, Brennnessel & Gänseblümchen 🤤🤤 |
2024.05.01 - Beltane - Kachen um Feier |
---|
![]() Wat e flotten Owend 🤩 Duerno hu mir ënnert dem Stärenhimmel eise Menu zoubereet:Brennnessel Chips, Kraiderbotter a -brout, Polenta mat Ratatouille, Wirschtchen um Spiiss a leckeren Dessert an eis et beim gemittlechen Feier gutt goe gelooss :-) |
2024.03.18 - 1. Wanderung fir dëst Joer |
---|
Eiii, war dat flott gëschter! 🤩 |
2024.02.10 - D'Schnéigläckelcher |
---|
![]() D'Schnéigläckelcher sinn eraus an déi éischt Wëllbéie scho schwéier um schaffen. 🐝 |
2024.01.11 - Herr und Frau Hasel |
---|
![]() Ihn kennt man ja gut. Er ist schon im Winter zu sehen, aber sie! Da muss man genau hinkucken. Ist sie nicht hübsch mit ihren kleinen roten Härchen? :-) |
2023.10.18 - Heinsdo reent et |
---|
![]() Heiansdo reent et ebe bei enger Wanderung. Dat ass awer nitt schlëmm, wëll ganz nom Motto 'Et gëtt kee schlecht Wieder, just onpassend Kleedung', mëscht eng schéi Geschicht iwwert Brennnessel och Spaass bei puer Drëpsen. |